2011 war dat 32. Ellénger
Quetschefest
Freides
9. September
19:00 Auer
Verkaf vum „Ellenger Quetschekraut“ & „Ellénger Quetschentaart“
21:00 Auer “Queesch duerch den Déiregaard“
featuring:
The Savages &
The Traders
DJ Dizko
Inferno
Org.: Jugend Amicale Elleng
Samschdes 10. September
11:00 Auer Wëllkomm um Ellenger Quetschefest
Alles dréit sech
ronderëm d’Quetschen, Quetschekraut, Quetschentaart, Quetschendrëpp ….
Berliner, Waafelen, Paangescher ...
·
Knackeges vum Grill an Erfrëschendes vum Faas
·
Verkaf vum „Ellenger Quetschekraut“ & „Ellenger Quetschentaart“
17:00 Auer Ellenger Kascht
·
Ellenger Ierbessebulli
·
Geschnetzeltes mat Räis
·
Pouletsflilleken op portugiesesch Art a Weis
19:30 Auer ROCK am Déiregaard
7
Elefant Ghost Traffic Jam Vintage
Gigolos Pol
Said Anthem of the Sun
Org.:
Jugend Amicale Elleng
Sonndes 11.
September
11:00 Auer Suite vum Quetschefest - Kiirmes-Apéro
Alles dréit
sech ronderëm
d’Quetschen,
Quetschekraut, Quetschentaart, Quetschendrëpp …. Berliner, Waafelen,
Paangescher ...
12:00 Auer Ellenger Kascht
(am Centre)
·
Ellenger Choucroute
·
Geschnetzeltes mat Räis
·
Pouletsflilleken op portugiesesch Art a Weis
16:00 Auer Kiirmes-Concert >> Harmonie Municipale
Mondorf-les-Bains
17:00 Auer
Uucht a Bal mam
Orchester
« Happy Sound »
Schaff-Historik
vum “Ellénger Quetschefest”
(Quelle:
Privatarchiv RG & Archiv „Amicale Elléng”)
Am Laf vun der
25-jähreger Geschicht vun der Amicale Elléng huet d’Quetschefest nach
ëmmer eng grouss Roll gespillt. D’Fest huet ganz kleng ugefaang an huet
sech am Laf vun der Zäit zu deem entwéckelt, wat ët haut as.
All Joer
Mëtt September widderhëllt sech eist regional bekannte Quetschefest.
Dëst as fir Elléng déi “kleng Kiirmes”, d’Fest vum hellege Bëschof a
Märtyrer Lambertus, den éischten Schutzpatroun vun Elléng. Déi reliéis
Feierlechkeeten fannen meeschtens Sonndes virum Quetschefest statt. Op
dësem Dag gët eng Mass zu Eieren vum hl. Lambertus gefeiert an duerch
d’Duerf geet uschléissend d’Lambertus-Prëzessioun. An dëser Prëzessioun
geet och d’Statue vum hellege Lambertus mat, däer hire Sockel mat
Quetschen an Quetschenäscht geröscht as. Sou as de Lien gemaach zum
Quetschefest, mat deem d’Amicale Elléng déi „kleng Kiirmes –
Lambertus-kiirmes“ erëm méi bekannt wollt maachen. Et sollt erëm en Dag
vu Begéignong sin, wéi an alen Zäiten.
„Quetschen, Quetschen, Quetschen“ heescht de Motto vum Quetschefest: vun
der Quetscheschmier an der Quetschentoart iwer d’Quetschekraut bis hin
zur Quetschendrëpp gët alles ugebueden wat iergendwéi eppes mat
Quetschen ze dun huet. Et heescht jo, d’Virfreed as déi schéinsten. Sou
as ët och bäim Quetschefest: bis zum Fest selwer as sou munch
Préparatioun a Viraarbecht ze leeschten, déi een besonnesch als Kand an
als Jugendlechen faszinéiert.
E klenge
Schaff-Historik vun der Aarbecht ronderëm d’Quetschefest soll weisen,
wéivill fräiwëlleg guddgewëllten Hänn a wéivill Idealismus gebraucht gin
fir esou ee Fest ze realiséieren.
D’Preparatiounen vun deem nächste Quetschefest gin un, wann
d’Quetschefest eriwer as. An der éischter Comitéssëtzung nom
Quetschefest, meeschtens Ufank Oktober, gët de Bilan gemaach. Et gët eng
konstruktiv Kritik iwert déi ganz Aktioun d.h. „virum – um – nom
Quetschefest“ gemaach. Et gi Verbesserungsvirschléi oder souguer
Ännerungen fir dat kommend Quetschefest schrëftlech festgehaal.
An der
Comitéssëtzung vum Januar fänken dann déi éischt Preparatiounen un:
Kascht,
Museksgruppen, nei Propositiounen, evtl. nei Uschaafungen vu
verschiddenem Material, Bestellung vun de Stengendëppen, evtl.
Amaachsglieser asw. gin duerch de
Comité an
Opdrag gin. An d’Jugend as äifreg derbäi, sech Gedanken iwert
d’Quetscheparty ze maachen, déi den 18. September 1992 (d’Joer vun der
Grënnung vun der Ennerorganisatioun: Jugend Amicale Elléng) fir
d’éischte Kéier iwert d’Bühn gaang as.
Am
Fréijoer gin d’Holzreserven opgestockt. Et gët sech informéiert wéi
d’Situatioun vun der Quetscherecolte as a gläichzäiteg gi verschidden
Terminer mat eisem Quetscheliwerant, dem Här Zimmermann vu Lohr (F)
ofgemaach.
Enn Juni
oder Ufank Juli as déi grouss Comitéssëtzung, wou dat ganzt Quetschefest
virbereed gët. Alles gët hei duerchgecheckt. D’Erfaarungen vun dem Joer
virdrun fléissen an d’Préparatiounen mat eran. D’Programmer an
d’Präisser gin opgestallt.
Enn August, Ufank
September gët ët dann serieux. Ier d’Quetschen zeideg sin, fueren een
oder zwee Comitésmemberen déi bestallten Dëpper
sichen. Bis 1998 gouf d’Quetschekraut an
Tounendëpper vu verschiddene Gréissten a Formen vun der Mme Wilhelms vu
Speicher (D) agefëllt.. 1999 gouf am Comité entscheed, eng nei
Dëppeserie erauszegin. Déi nei Dëppeserie aus der Poterie Wehrling vu
Soufflenheim (F) as limitéiert an der Zuel wéi och an der Zort. Dës
Emännerung bréngt mat sech, datt d’Zuel vun de Glieser méi héich gin as.
D’Dëpper vu Speicher wéi och vu Soufflenheim sin handgemaach.
D’Opschrëft as ëmmer „Elléng“ an déi jeweileg Joereszuel. Si variéieren
an der Faarw an hun e gewëssene Sammlerwert.
Eng oder
zwou Wochen virum Termin vum grousse Kachdag gin all Leit aus dem Duerf
informéiert an invitéiert, fir sech un dësem Kachdag bénévole ze
bedeelegen.
Puer Deeg
virum grousse Kachdag gët vun enger Rei Jugendlecher a Comitésleit de
Schoulhaff mat de Feierplazen préparéiert, grad wéi och d’Material fir
ze kachen : Holz, Blecher, Kesselen asw. gi nogekuckt an an de
Schoulhaff bruecht fir installéiert ze gin. An engem Spullowend gin dann
d’Dëpper an d’Glieser gespullt a prett op d’Dëscher am Schoulsall gesaat
Wann
d’Quetschen zeideg sin, da gët eng Camionette organiséiert an zwee vun
eise Veräinsleit fueren op Lohr (F) eng gudd Tonn Quetschen sichen.
Samschdes
moies vu 6:00 Auer un gët all Aarbechtsmaterial am Schoulhaff vu
Jugendlechen fäerdeg opgeriicht, fir dass mer e gudden a schnelle Start
hun. Tëschend 6:00 Auer a 7:00 Auer kommen dann och déi éischt
Mataarbechter vum Quetschfest, an da kann ët lass gon.
Huerteg
gin d’Quetsche gewäsch. An der Tëschenzäit brennt d’Feier, d’Kesselen gi
mat Speck ageriwen, e wéineg Waasser gët dragemaach an da gin déi éischt
Quetschen an de Kessel geworf an ët richt éen ët schon am ganzen Duerf.
Lues a lues fëllen sech déi 7 Kofferkesselen mat Quetschen. D’Kesselen
gin nummeréiert an op enger Uschlotafel gin dann déi wichtegst
Auerzäiten festgehaal. Dëst as virun allem wichteg, well déi eenzel
Leit, déi d’Kesselen réieren sech och alt ofwiesselen. Eise
Kachmeeschter, de Pier Bichler, hält all dës Informatiounen am Bléck.
D’Ellénger Quetschekraut gët no aaler lëtzebuerger Method am
Kofferkessel gekacht aus Quetschen an Zocker, natiirlech, reng a
propper.
No gudd 2
Stonnen sti Bidden mat de Reideren prett a waarden drop, datt
d’Quetschen aus de Kesselen duerch de Reider gemaach gin. Wann dëst
alles geschidd as, dann as esou munch Hektik do: d’Kesselen mussen vu
staarke Männer vum Feier geholl gin, déi zwou Equipen mam Reider hun all
Hänn voll ze din. Déi Kesselen, déi nach net grad prett sin, mussen
weider Holz nogeluecht kréien. Je, et gët an deem Moment u villes ze
denken.
Da gin
eng Rei Kesselen preparéiert fir eng nei Serie Quetschen op de Reider
virzebereeden. De Rescht Kesselen gin dann mam “Quetschejus“ fir de
Finissage gefëllt.
D’Auerzäit gët opgeschriwwen an eise Kachmeeschter, de Pier, notéiert op
d’Tafel wéini den Zocker an de Kessel kënnt, meeschtens nodeem ët eng
Stonn gudd gekacht huet. Wann ët dann ëm d’Schmaache geet, da sti vill
Zongen do fir ze lecken an déem engen as et ze séiss, déem aaneren net
séiss genuch, fir deen een huet et nach net déi richteg Faarw a fir deen
aaneren as ët nach net stäif genuch.
No ca. 2
- 3 Stonnen gët de Kessel vum Feier erofgeholl a vu staarke Männer an de
Schoulsall gedroen. Mat vill Gedold gët d’Quetschekraut an d’Dëpper an
an d’Glieser agefëllt, déi vu villen Hänn duergehaal gin.
Rare sin déi, déi
d’Hänn verbrannt kréien. D’Dëpper zou maachen as eng Aarbecht, déi
gedëlleg Meedercher a Fraen iwerhuelen.
Op dësem
aarbechtsräichen Dag léisst d’Amicale Elléng sech ët net huelen a suergt
dervir dass d’Leit och net Honger an Duuscht leide mussen. Eng Rei Leit
si jo och schon vu moies 6:00 Auer bis owes 20:00 Auer do a freën sech
géint 9:00 Auer op eng gudd Taass Kaffi an eng Mëtsch.
Den Dag iwer gët gegrillt. Midd
an awer frou kléngt dësen Dag a Gesellegkeet aus. D’Virbereedung as wuel
sou schéin wéi d’Quetschefest selwer.
Eng gudd
Woch méi spéid gët en Duerfverkaf ugebueden, fir datt d’Duerfleit ouni
Stress Gebées kënne kaafen.
Fir daat
15. Quetschefest, vum 16. bis den 18. September 1994, hat d’Amicale
Elléng Quetschen T-Shirten an Kaapen maache gelooss. D’Motiv si
Quetschen mat der Opschrëft „Ellénger Quetschefest“ an „Amicale Elléng
A.s.b.l.“. D’T-Shirten si wäiss (S - XXL) an d’Kaape si blo a wäiss.
Wéivill
Quetschekraut all Joers am Schoulhaff gekacht gët, variéiert vu Joer zu
Joer.
1996 hate
mer 412 verschidden Dëpper vu Speicher an 280 Glieser d.h. mir haten 692
Gefässer fir ongeféier 1.012 kg Quetschen fir schlussendlech 584,20 l
Quetschekraut ze hun.
1999 hate
mer 120 Dëpper vu Soufflenheim a 645 Glieser d.h. mir haten 765 Gefässer
fir ongeféier 1.050 kg Quetschen fir schlussendlech 494,77 l
Quetschekraut ze hun.
An der
leschter Woch virum Fest gët d’Zelt opgeriicht an ageriicht.
Dënschdes
as den Dag, wou d’Zelt opgeriicht gët, mëttwochs, wou Théiken an Dëscher
ageraumt a gebotzt gin a wou d’Zelt dekoréiert gët, donnesches gët sou
munch Material op e Won gelueden a fir freides prett gemaach. Freides
lafen déi lescht Virbereedungen: d’Jugend preparéiert d’Zelt fir hir
Party , de geluedene Won gët vum Traki-Service op d’Gare bruecht, den
Deeg fir d’Waafelen an d’Taarten gët virbereed. Fir de Kascht um
Quetsche-Week-end gët alles ugeriicht. Eis Kichechefen waren: Maria
Faber, Catherine Ludovicy, Aline Bredimus an am Moment sin ët d’Josette
Siebenaler an d’Agathe Ohl.
Um
Fest selwer leeft baal alles vum selwen, well duerch déi ganz
Virbereedungszäit si mer gudd openéen agestëmmt an trotz der viller
Aarbecht as vill Freed do. Freides as d’Jugend- Amicale Elléng
verantwortlech fir d’Quetscheparty (zënter 1992) a si léisst sech och
all Joers eppes Neies afaalen. Sou wéi d’Quetschefest selwer kleng
ugefaang huet, huet d’Party vun der Jugend och kleng ugefaang. Mée och
si kennt haut e grousse Succès. D’Ziel vun dëser Initiativ war fir de
Kontakt tëschend der „Amicale“ an der Ellénger Duerfjugend ze förderen
an domatter dem Club „Amicale“ eng Zoukunft ze gin andeems d’Memberen
vun der Amicale och Zäit an d’Jugendaarbecht investéieren, déi
natiirlech indirekt dem Veräin zegutt kënnt.
Nodeem
d’Jugend d’Zelt propper verlooss huet, gët Samschdes moies de Rescht
ageraumt. Em 12:00 Auer geet ët mat Gegrilltem a mat Fritten lass. Alles
wat mat Quetschen ze dun huet, as gefrot. Net nëmmen als Attraktioun,
mée och fir de Werdegang ze weisen gët samschdes a sonndes jeweils e
Kessel Quetschekraut gekacht. Sou waren dat z.B. an 2 Deeg ca. 200 kg
Quetschen, wat 220 Glieser gi sin mat am Ganzen 95,28 l Quetschekraut
(2003).
Pinchitos Morunos, Wëld, Hâmeschmier, Quetscheschmier, Ierbessebulli
(2003: 112 Portiounen), Geschnetzeltes (2003: 65 Portiounen) stoungen an
de vergaangene Joeren um Samschdes Owes-Kascht, net ze vergiessen eis
bekannte Sangria.
Freides a Samschdes hu mer Nuetswaachen am Zelt an hir Nuechten sin
ëmmer kuurz an sie si frou, den Daag drop erëm an engem richtege waarme
Bett ze schlofen.
Sonndes moies bereed de Koschter, Raymond Goedert, d’Zelt fir
d’Sonndesmass vir. Fir dann awer d’Nuetswaachen, wackreg ze kréien, as
net ëmmer einfach. D’Mass am Zelt gët gestalt vun Ellénger Massendénger
a vum Gitarsgrupp aus eiser Porgemeinschaft an zesummen mat eiser
Chorale Ste - Cécile Elléng.
No der
Mass sin erëm vill Hänn do, fir dass d’Zelt fir de Kiirmesappero erëm
prett as. Den Haaptkascht vu Sonndes as déi bekannte Ellénger Choucroute
(2003: 204 Portiounen).
Um
Quetschefest 1998 sin z. B. 21 Hâmeschmieren, 96 Ierbessebulli, 222
Choucroute a 95 Geschnetzeltes zervéiert gin.
Samschdes wéi Sonndes gët net u Stëmmung gespuert. As Samschdes den
traditionellen Kiirmesbal, sou kënnt Sonndes nomëttes d’Fanfare
Mondorf-Altwiis eis nach méi an d’Kiirmesstëmmung bréngen.
D’Quetschefest kléngt dann mat enger Uucht a gemittlecher Musek aus.
Nom
Fest as och ëmmer eng gutt Equipe do, déi ofriicht a praktesch an engem
Dag as alles verschwonn. Esouguer Sonndes owes gët schon en Deel
ofgeriicht.
Schlussendlech bleiwt nach déi flott Erënnerung an dat, wat éen d’Joer
drop aaneschters oder besser ka maachen.
Vill
Aarbecht an Zäit stecht an dësem Fest, an dobäi as d’Aarbecht nach net
all opgezielt gin. Et kënnt op vill
Hänn un. Iwer 80
fräiwëlleg Mataarbechter aus eisem Duerf ënnerstetzen eis, aaneschters
gesot: ronn 50 Stéit vun 100 bedeelegen sech aktiv um Fest. D’Amicale as
e Familjeveräin: ët as ëmmererëm schéin ze gesin, wéi d’Kanner a
Jugendlecher mat abezunn gin a wéi och eeler Leit, déi aus Altersgrënn
elo net méi hëllefe kënnen, awer nach ëmmer luusse kommen a frou sin an
sech un déi aal Zäiten erënneren. Un eis, déi mir weder jonk nach aal
sin, as ët, eis eiser Verantwortung bewosst ze bleiwen an en Ouer ze
behaalen fir Jonk an Aal a fir jidfereen aus eisem Duerf. Nëmmen esou
kann d’Amicale Elléng och mam Quetschefest e Wée an d’Zoukunft goen.
Eng
nei Etapp fir d’Quetschefest wäerd 2004 ufänken, wann dëst Fest (daat
25. Quetschefest) fir d’éischte Kéier an sénger Geschicht zu Elléng am
neie Veräinshaus wäerd sin. Mat dëser Etapp wäerd sech net nëmmen sou
munnches um Programm änneren, mée och eng Rei Aarbechtserliichterungen
wäerden eis eng grouss Hëllef sin. Mée trotzdeem ouni Schaffen an
Idealismus wäerd ët och hei net goen.
Zum
finanzielle Punkt as ze soen: d’Quetschefest as bis elo d’ “Paie” vun
eisem Duerfveräin. Wat geschidd mat dëse Suen?
An
déene leschte Joeren gouf probéiert d’Onkäschten vum Quetschefest esou
kleng wéi méiglech ze haalen, andéems verschidden Aarbechtsmaterialien
ugeschaaf gi sin, déi och fir aaner Zwecker zur Verfügung gestalt gin. (z.B.:
Inox Griller, 2 nei Kesselen, Réirer, Bidden, Dëppen, Frittendëppen,
Waafeleisen asw.) Trotz dëser Verbesserung sin d’Onkäschten nach héich.
Sou
wéi ët an eise Statuten steet gin dës Suen engersäits an
d’Verschéinerung vum Duerf investéiert. Verschidde Projet’en sin oder
gin realiséiert: esou goufen z.B. nei Inten, e Fresch an e Männchen op
de Sprangbuer installéiert, nei Netzer an d’Goaler, e neie Blummenteimer
ugeschaaf, eist Faass gouf renovéiert, Blummebakken, Blummenaktioun,
Plang vun Elleng, eng B.Kleedung, eng Joeresversecherung, Bänken
laanscht d’Wéer asw., Material gouf ënnerhaalen ... an nach Villes méi.
Aanersäits gët awer d’Duerfgemeinschaft och gefördert duerch e grousst
Angebot, wat als Ziel huet d’Duerfliewen an d’Duerfgemeinschaft lieweg
ze haalen. Sou fléissen z. B. en Deel vun dëse Suen an déi eenzel
Aktivitéiten (vun de Kanner iwert d’Jugend bis zou den eelere Awunner),
wou net op de Benefice hi geschafft gët, mée wou den Akzent op der
frëndschaftlecher Begéignong läid. Zënter 1991 gët intensiv mat der
Jugend geschafft als „Jugend Amicale Elleng“. Et gët och
zesummegeschafft mam „Mammen-Treff-Team“ (1994) an mam „Theater-ensembel
Enner Wouer“ (2002). Dës 3 Ennerorganisatiounen sin an eis Statuten
verankert.
D’Fraen a Mammen, d’Ellénger Massendénger, d’Chorale Ste Cécile Elléng
an d’Ellénger Pompjeën gin duerch eng Prime d’Encouragement, déi näischt
mam Matschaffen um Quetschefest ze doen huet, vun der Amicale Elléng
finanziell ënnerstëtzt. Domatter sollen d’Duerfveräiner encouragéiert
gin an och erméiglecht kréien weiderhin d’Duerfliewen ze förderen.
D’Quetschefest as eng Erausfuerderung a verlaangt vu jidferengem dée
matschafft am Duerf vill Engagement net nëmmen déi 3 Deeg vum Fest, mée
och an déenen Deeg virum an nom Quetschefest.
Ech
hiewen nach eng Kéier ervir, datt ët flott as fir ze gesin, datt Kanner,
Jugendlecher, Erwuessener an eeler Leit sech disponibel stellen, wann ët
heescht: d’Quetschefest réckt ëmmer méi no. Fir d’Veräiner allgemeng
wäerd ët an der Zoukunft net méi einfach gin. Villes as aus eisen
Dierfer verschwonnen. Vill Leit wëllen no hirer Schaff kee méi gesin.
An
trotzdeem, jidferéen aus eiser Mëtt as wëllkomm. Et as keen zevill. A mir
freën eis op all begeeschtert nei Mathëllef. Avis aux
amateurs!
Raymond Goedert
Prësident
Amicale Elleng a.s.b.l.