d'Thema vun der
Ausstellung vun dessem Joer war
IKONEN
geschriwwen vun der Madame
Claudette Zeimes-Wagener
Ikonen si reliéis Biller äus der orthodoxer Traditioun.
Zanter méi wi 1000 Joer
faszinéieren des Biller ëmmer nees op en Neits. Dobäi gin se bis haut nach
ëmmer no deenen ale Virlagen a mat deem originale Material gemoolt.
Eigentlech seet een, dass se „geschriwe“ gin, well si sin Témoignagen vum
Glawen, grad wi di Helleg Schrëft. Och si gëtt ëmmer nees nei ofgeschriwen,
ouni dass de Redakter den Text däerf veränneren.
D’Claudette Zeimes-Wagener vun Hunchereng
schreift Ikonen zanter
2005. Méi wi 300 Biller si bis haut an hirem klengen Atelier enstanen. Vill
dovun sin am Besëtz vu Paaren oder vu Privatleit. Op der Äusstellung kënnt
Dir Iech méi wi 30 Biller ukucken an och gäeren Informatiounen iwer Ikonen
kréien.
An
der Beetebuerger Gemeng bidd d’Madame Zeimes
och e Cours un, an deem
jidfereen eng Muttergottesikon moolt.
De Cours ass all
Méindes, vum 7.11. un.
Umelden sollt een sech
direkt beim Patrick Hurt
Tel: 51
80 80 240.