10.2.2012
35. Generalversammlung
em 2o:oo am Centre Martialis
Jubiläumsjoer 2012
Wat wär eise Veräin ouni Iech – ouni Duerfleit an
ouni Veräins-memberen ?
Wat a 35 Joer opgebaut ginn ass, dat léisst sech
weisen ouni elo iwwerhieflech ze sinn.
35 Joer Amicale Elleng
35 Joer e Comité, dee regelméisseg 8mol am Joer
zesummekënnt...
35 Joer net nëmme verschidden traditionell, mée och
deelweis nei Aktivitéiten ...
an en ofwiesslungsräiche Joeresprogramm ...
Wat wär eise
Veräin och ouni eis Ënnerorganisatiounen ?
20 Joer Jugend Amicale Elleng, 20 Joer Buergbrennen
vun der Jugend Amicale,
20 Joer Jugend Party am Kader vum Ellenger
Quetschefest ...
10 Joer Theaterensembel „Enner Wouer“, 2011 war déi
10.Virstellung..
Zu Elleng ass a bleiwt villes a Bewegung.
Villes ass méiglech,
well Familljen do sinn, déi Gemeinschaft wëllen
erliewen:
däer “temps forts” ginn ët iwwert d’ganzt Joer
verdeelt.
Net nëmme sech mat abréngen ass wichteg, mée och
deelhuelen um Duerfliewen huet seng Wichtegkeet. Elleng ass keen
Dortoire, wou jidderee sech a säin Haischen zréckzitt.
Eng Gemeinschaft muss op sin fir jiddereen am
géigesäitege Respekt.
Een “temps fort” ass sécherlech eis
Generalversammlung.
Hei kann ee Gemeinschaft erliewen a sech u Villes
erënneren ...
Eis Diere stinn op ... Sidd
wëllkomm ...
Raymond Goedert,
Prësident Amicale Elleng A.s.b.l.
Programm
vun der 35. Generalversammlung
vun
der Amicale Elleng A.s.b.l.
Et as dem
Comité vun der Amicale Elleng eng grouss Éier,
dech, *
léiwen Awunner vun Elleng,
* léiwe Mataarbechter vum Quetschefest,
* léiwe Veräinsmember an Ennerorganisatiounen
* léiwe Vertrieder vun der Gemeng Mondorf
* léiwe Frënd,
Freides, den 10. Februar 2012 ëm 20:15 Auer am
„Centre Martialis“ ganz häerzlech ze begréissen.
Grad wéi
d‘lescht Joer wäer eise Comité frou,
aus all Haus
op mannst ee Vertrieder begréissen ze kënnen.
1.) Begréissong an Usprooch
vum
Prësident
2.) Aktivitéitsbericht a Biller 2011
a) Amicale
Elleng A.s.b.l.
b)
Ennerorganisatiounen
*
(Mammen-Treff-Team Amicale Elleng) - vakant
* Jugend
Amicale Elleng
* Theaterensembel „Enner Wouer“
3.) Eis Keess 2011
a)
Keessebericht vum Keessier
b)
Entlaaschtung vum Comité : d‘Keesserevisoren hun d‘Wuert
c)
Iwerreechung vun der „Prime d‘Encouragement“
4.) D‘Wiel vun de Membere vum Comité
resp.
Keesserevisoren
a) austriedend Comitésmemberen
- erëmwielbar fir 3 Joer:
Beneké Viviane, Costa Manuel,
Promme-Faber Anne, Sanchez Francisco, Staudt Jules
- net méi erëmwielbar: /
b) kooptéiert Comitésmemberen: /
c) austriedend Keesserevisoren - erëmwielbar fir 1 Joer :
Beneké Marc, Schaus Léon
d) Ophuelen vun neie Comitésmemberen (vun 18 Joer un *)
* schrëftlech Demanden bis den 9.2.2012 bäim Prësident ofgin!
e) Veräinsmemberen: Memberslëscht
5.) Aktivitéitsprogramm, Projet a Budget 2012
6.) Eierungen
a) vu
Comitésmemberen 2012
(* laut
Règlement):
fir 35 Joer: Fischer Jeannot, Reuter Raymond
fir 20 Joer: Ney Lydie
fir 10 Joer: Costa Manuel
b) vum
Theaterensembel « Enner Wouer »
(* UGDA):
Beneké Marc, Wies Brigitte
c) weider Eierungen
10
Joer Responsbel vum Theaterensembel « Enner Wouer »:
Bichler
Gérard
ronn 20 Joer « Éirecharge »: Sanchez Francisco
7.) Divers, fräi Aussprooch, Froen an nei Ideen oder
Pläng
8.) Eis Gemeng:
a)
Usprooch vun der Mme Buergermeeschter
b)
Info iwert
verschidden Themen betreffend Elleng
9.)
Ofschloss-Wuert
vum Vize-Prësident
Comité vun der
Amicale Elleng A.s.b.l.:
Prësident:
Goedert Raymond
Vize-Prësident:
Bichler Gérard
Sekretärin: Weber Viviane
Keessier: Promme-Faber Anne
Memberen: Beneké Viviane, Bichler Marc, Coelho Tun,
Costa Manuel, Genco Olivier,
Fischer Jeannot, Ney Lydie, Reuland Néckel,
Reuter Raymond,
Sanchez Francisco, Staudt Jules
Ennerorganisatiounen vun der Amicale Elleng A.s.b.l.:
*
Mammen-Treff-Team Amicale Elleng: Responsabel: vakant
* Jugend
Amicale Elleng:
Responsabel: Bichler Patrick
*
Theaterensembel „Enner Wouer“: Responsabel:
Bichler Gérard