Buergbrennen

21.01.2012

Home
Agenda
Kiirmes Ausstellung
Theater
Concert
Buch
Music
Buergbrennen
Generalversammlung
Celsus
Quetschefest
30 Joer Amicale
Contact
Statuten
Disclaimer
Spiller

 

Buergbrennen zu Elléng vun der Jugend Amicale Elléng

 

25.2.2012

 

 Foto vun der Buerg

1993 huet d’Jugend Amicale Elléng eng aal Traditioun zu Elléng agefouert: d’Buurgbrennen.

 

Daat éischt Joer as d’Buurg a Form vun engem Kräiz installéiert gin.

Eng Rei Leit hun sech d’Fro gestallt: Firwat grad e Kräiz? Wat huet dat mat enger Buurg ze dun?

 

Scho séier as d’Entscheedung gefall fir den Tuurm vun enger Buurg opzeriichten.

Et huet sech erausgestallt, datt d’Aarbecht trotzdeem bleiwt, awer mat der Hëllef vun engem gudden techneschen Equipement vun eise Bauren, as der Jugend dach vill Entgéintkommes gin. A bäi dësem „Buurg-Tuurm“ war d’Freed grouss fir mol eppes Aussergewéinleches opzeriichten, wat een net onbedéngt an all Duerf fënnt. Et as e grousst, freedegt Feier gin an esou as déi Ellénger eng besonnesch Buurg gin op déi d’Jugend Amicale Elléng houfreg as.

 

Am Joer 2002 fir d’10.Buurgbrennen an am Kader vum 25jährege Bestoen vun der Amicale Elléng huet d’Jugend Amicale sech eppes Extras afaale gelooss: eng Buurg a Form vun engem „Triumphbou“ as opgeriicht gin. De Succès as och net ausbliwen.

Iwer en RTL-Spill iwert déi genialsten Buurg-Ideen huet e Jugendlechen (Sven Wies) „eisen Triumphbou“ als déi genialsten Buurg 2002 presentéiert an hien huet gewonnen. De Gewënn war e Kuch vum Bäcker „Gérard“ vun Uewerkuer.

 

Mat enger Ausnahm war d’Buurgbrennen ëmmer déi aaner Säit vum Widdem bäi der aaler Mondorfer Stross: lénks oder riets an engem Stéck, wat an deem Moment nach net geplout war. Jhust eng Kéier am Joer 1997 waren d’Buedemkonditiounen duerch de ville Réen esou schlecht, datt mer d’Buurg an engem aale Gaard opgeriicht hun, do wou d’Waassergaass un de Widdem ustéisst.

 

All Joers gin sech ronn 100 Leit bäi der Ellénger Kiirch de Rendez-Vous, wou dann ee gemeinsamen Faakelzuch a Richtung Buurg geet. Wa mer dann all ukomm sin an d’Buurg bestaunt hun, gët de Prësident vun der Amicale d’Zeechen fir gemeinsam d’Faakelen op d’Buurg ze werfen. Huertech as e grousst Feier do an ët spiert een d’Hëtzt, déi vun der brennender Buurg ausgeet.

 

D‘Feier wiermt eis vu baussen, fir dat Bannescht suergen Glühwäin a waarm Wirschtercher.

 

Raymond Goedert  (Archiv: Amicale Elléng A.s.b.l.)

 

Home | Agenda | Kiirmes Ausstellung | Theater | Concert | Buch | Music | Buergbrennen | Generalversammlung | Celsus | Quetschefest | 30 Joer Amicale | Contact | Statuten | Disclaimer | Spiller